Cabaret Sténkdéier « Et gëtt héich Zäit »
back to the activities


Eise schéine bloe Planéit brennt, d'Loyere klamme méi séier wéi de Mieresspigel, déi Räich ginn ëmmer méi räich – a wärend ronderëm eis d’Bomme falen, streide mir Europäer mat eisen Noperen iwwer d’Grenzkontrollen. De Rietspopulismus verdréit eis d’Wierder am Mond, wärend mer am Stau stinn an eis wonneren, wéi et esou wäit komme konnt. An um Enn bezuelen ëmmer déi Falsch. Wéi laang wëlle mir nach nokucken? A wat kënne mir iwwerhaapt nach maachen?
“Et gët héich Zäit” ass dem Kabaret Sténkdéier säi Wecker – pointéiert a batterbéis an op kee Fall neutral. Wie sech iwwer d'Absurditéite vun eiser Zäit wonnert a verzweifelt no engem Rescht Logik sicht, mee trotzdeem nach laache wëll, ass hei genau richteg.
Well eppes ass kloer: Schounfrist war gëschter – elo gëtt et héich Zäit!
Dëst ass ee KI-generéierte Werbetext, kontrolléiert vum Elon Musk an akkordéiert vun der helleger Dräifaltegkeet Trump dem Papp, Putin dem Jong a Xi Jinping dem hellege Geescht.



Et spillen :    Conny Braquet, Liette Engel, Joëlle Muller, René Engel, Luc Schumacher
Texter :    Roland Meyer
Musek :    Camille Nanquette
Regie :    Joe Heintzen



Address

Centre culturel "Al Schmelz"
Al Schmelz
8414 Steinfort
Luxembourg
Get directions

Participants

Place(s) available: 75

Association / Course instructor / Service

- Commune de Steinfort
This email address is being protected from spambots. You need JavaScript enabled to view it.

Registration fees

Child < 12 years: gratuit
Students aged up to 26: gratuit
Kulturpass: 1,50 EUR
Adults: 20,00 EUR

Dates of the activity

13.03.2026 ( 20:00-22:00 )



back to the activities

Contact

  • This email address is being protected from spambots. You need JavaScript enabled to view it.

GDPR

  • This email address is being protected from spambots. You need JavaScript enabled to view it.