Faarweg Begéinungen
Mir baue Brécken tëscht de Generatiounen an de Kulturen!
Hues du Loscht un engem kreativen a gemeinschaftsorientéiertem Projet deelzehuelen? Da maach mat bei der Gestaltung vun individuelle Bänken, déi vun eise Bierger·innen entworf a bemoolt ginn. Dréck dech mat Faarwen a Formen aus, léier Leit vun all Alter an Originne kennen, feier d’Diversitéit an dat gutt Zesummeliewen an hannerlooss deng Spuer am ëffentleche Raum.
Dës Bänke ginn zu richtege Symboler fir Dialog, Respekt a Zesummenhalt.
Jiddereen·t ass wëllkomm! Erziel anere vun dësem Projet a maach mat denger Famill, dengen Noperen a Frënn mat.
-------
1 Groupe
16/07 (19:00–21:00, Bierger*Haus)
04/08 (19:00–21:00, Bierger*Haus)
11/08 (19:00–21:00, Bierger*Haus)
2 Groupe
25/07 (16:00–18:00, Bierger*Haus)
01/08 (10:00–12:00, Bierger*Haus)
22/08 (10:00–12:00, Bierger*Haus)
3 Groupe
20/08 (19:00–21:00, Bierger*Haus)
03/09 (19:00–21:00, Bierger*Haus)
10/09 (19:00–21:00, Bierger*Haus)
Dir kënnt den Umeldungsformular un d’Gemeng schécken, ofginn oder per E-Mail schécken:
Kind < 12 Jahre: 0,00 EUR
Studierende bis 26 Jahre: 0,00 EUR
Kulturpass: 0,00 EUR
Erwachsene: 0,00 EUR