Billerwee
zurück zu den Aktivitäten


Ausstellung „Eis Gemeng an de Fréijoersfaarwen“
Abrëll 2026


Mat den éischte sonnegen Deeg erwächt eis Gemeng lues a lues aus hirem Wanterschlof a kleet sech mat neie, frësche Faarwen. Duerch de kreative Bléck vun eisen Awunner·inne weist d‘Fréijoer eis seng douce Nuancen an d’Natur bléit erëm an eisen Dierfer op.
D’Ausstellung „Eis Gemeng an de Fréijoersfaarwen“ invitéiert Iech eng lieweg a faarweg Sammlung u Fotoen ze entdecken, déi d’Essenz vun dëser Joreszäit afänkt: déi éischt Knospen, Wise voller Bléien, vun der Sonn iwwerschwemmte Weeër an déi kleng Momenter aus dem Alldag, déi d’Erneierung vun der Natur zu Grass, Hoen, Klengbetten a Stengefort markéieren.
All eenzel Foto erzielt d‘Geschicht vun enger Fréijoersatmosphär, wou d’Natur hiren Terrain zeréckhëlt, d’Landschaft erëm lieweg gëtt an dˈSchéinheet sech op eng duuss a natierlech Aart weist. An enger Mëschung aus visueller Poesie an engem zaarte Bléck feiert dës Ausstellung d‘Fréijoer an déi optimistesch Energie, déi domadder verbonnen ass.
Loosst Iech vun der Frëschheet vum Fréijoer duerch d'Fotografie vun eisen talentéierte Fotografe maträissen.


E grousse Merci un all eis Participanten:
Diane Bleser, Sandra Braun-Wildschutz, Kinga Conter, Marie-Reine Cressatti, Annick Druart, Luisa Madlen Eberhard, Evelyne Haler, Dan Hoffmann, Nancy Lambert, Sylvie Loschetter-Müller,
Corinne Ludwig, Lydia Moens, Carlo Puraye, Manuela Rocca, Marc Schaal, Marc Scheek, Carlo Schmitz, Amal Sennai, Georges Steffen, Danielle Thill, Cédric Threinen, Anne-Catherine, Threinen-Willemet



Für diesen Veranstaltung oder Kurs ist keine Anmeldung erforderlich.

Adresse

Beim Weier



Route planen

Verein / Kursleiter / Service

- Commune de Steinfort
Diese E-Mail-Adresse ist vor Spambots geschützt! Zur Anzeige muss JavaScript eingeschaltet sein.

Anmeldegebühren

Kind < 12 Jahre: gratuit
Studierende bis 26 Jahre: gratuit
Kulturpass: gratuit
Erwachsene: 0,00 EUR

Termine der Aktivität

30.04.2026 ( 08:00-23:00 )

Flyer

Flyer herunterladen



zurück zu den Aktivitäten

Kontakt

  • Diese E-Mail-Adresse ist vor Spambots geschützt! Zur Anzeige muss JavaScript eingeschaltet sein.

DSGVO

  • Diese E-Mail-Adresse ist vor Spambots geschützt! Zur Anzeige muss JavaScript eingeschaltet sein.