Virowend vum 1. Mee
zurück zu den Aktivitäten


D’Gemeng Stengefort, zesumme mat der Entente vun de Stengeforter Veräiner, luet Iech häerzlech op de Virowend vum 1. Mee an.


Mat dëser Manifestatioun gedenke mir der räicher Stolindustriegeschicht vun eiser Gemeng esou wuel ewéi dem Kampf vun de couragéierten Aarbechter fir besser Aarbechtsbedéngungen.



Donneschdes, den 30. Abrëll 2026


Rendez-vous: 18:30 Auer Chalet Steinfort Adventure (rue de Schwarzenhof)


De Cortège, begleet vun der Stengeforter Musek, geet bis bei d’Gemengenhaus fir d’Ophänke vum 1. Mee-Kranz an déi offiziell Ried vum Buergermeeschter, Sammy Wagner. 


Duerno geet et weider bei d’Skulptur vum Héichuewen, wou mir eise Stolaarbechter gedenken.    


Uschléissend geet et an d’Al Schmelz, wou d’Gemeng den Éierewäin offréiert, an d’Entente bekëmmert sech ëm d’Gegrills!


Falls et reene soll ass de Rendez-vous direkt um 19:00 Auer an der Aler Schmelz. 


        


 



Adresse

Steinfort Adventure
Rue du Schwarzenhof
8452 Steinfort
Luxembourg
Route planen

Verein / Kursleiter / Service

- Commune de Steinfort
Diese E-Mail-Adresse ist vor Spambots geschützt! Zur Anzeige muss JavaScript eingeschaltet sein.
- Entente des sociétés de la commune de Steinfort
Diese E-Mail-Adresse ist vor Spambots geschützt! Zur Anzeige muss JavaScript eingeschaltet sein.


Anmeldegebühren

Kind < 12 Jahre: 0,00 EUR
Studierende bis 26 Jahre: 0,00 EUR
Kulturpass: 0,00 EUR
Erwachsene: 0,00 EUR

Termine der Aktivität

30.04.2026 ( 18:30-21:00 )

Flyer

Flyer herunterladen



zurück zu den Aktivitäten

Kontakt

  • Diese E-Mail-Adresse ist vor Spambots geschützt! Zur Anzeige muss JavaScript eingeschaltet sein.

DSGVO

  • Diese E-Mail-Adresse ist vor Spambots geschützt! Zur Anzeige muss JavaScript eingeschaltet sein.