D’Gemeng Stengefort invitéiert Iech op een Owend, deen dem Thema Handicap gewidmet ass, fir deene Leit eng Stëmm ze ginn, déi all Dag mat engem Handicap liewen - vill ze oft si si mat Virurteeler konfrontéiert, dobäi hunn si vill inspiréierend Geschichten ze erzielen.
Um 19:00 Auer gëtt den audio-visuelle Projet „Wee bass du?“ gewisen – e beweegende Film vum Jessica Theis, deen eenzegaarteg Mënschen, staark Stëmmen a couragéiert Liewensweeër weist.
Uschléissend fënnt eng Diskussiounsronn statt:
• Jessica Theis, Kënschtlerin vum Projet
• Eric Heimermann, Participant um Projet
• Lynn Bodeux, Participante um Projet
• Christine Zimmer, Chargée de direction vun Info-Handicap
• Marianne Dublin-Felten, Member vum Schäfferot
• Kevin Feiereisen, Awunner aus der Stengeforter Gemeng
• Anne Thoma, Member vun der ALAN Associatioun
Moderatioun: Anja Di Bartolomeo
Schonn ab 18:30 Auer kënnt Dir verschidden Acteuren an Associatiounen aus deem Beräich op hiren Informatiounsstänn kenneléieren, Iech informéieren an Är Froe stellen
Ministère de la Famille, des Solidarités, du Vivre ensemble et de l’Accueil | ALAN – Maladies Rares Luxembourg | APEMH | Ateliers du tricentenaire | Chiens guides d’aveugles au Luxembourg | FEDAS Luxembourg – Plateforme Handicap | Fondation Autisme Luxembourg Info-Handicap - Conseil national des personnes handicapées
Ligue HMC | Zesumme fir Inklusioun
Een Handicap kann eis all treffen, dofir loosst eis zesummen ee Moment vu Respekt a Solidaritéit deelen.
Die Anmeldungen sind leider abgeschlossen. 23.09.2025 / 18:00 Uhr
Kind < 12 Jahre: gratuit
Studierende bis 26 Jahre: gratuit
Kulturpass: gratuit
Erwachsene: 0,00 EUR