Seng Trombonn stoung ëmmer prett, fir ze hëllefe mat groussem Asaz, „décke Baken“, vill Jovialitéit a Motivatioun den Toun an der Stengeforter Musek unzeginn.
Seng Fieder war ëmmer gespëtzt, fir direkt, pickeg a pointéiert auszeschwätzen, wat huet musse gesot ginn. Net ëmmer nuancéiert, awer ëmmer argumentéiert.
Villes passt nach. A bleift erschreckend aktuell.
En Owend mam Monique Melsen, Marcel Heintz, Roland Gelhausen, Clod Thommes a Christiane Kremer. A mat der Stengeforter Musek.
Mat der Ënnerstëtzung vun der Stengeforter Kultur- an Tourismuskommissioun an der Mamer Kulturkommissioun.
Place(s) disponible(s): 6
(+352) 39 93 13 1