Am Kader vum « Dag bei der Baach 2026 » mécht d’Galerie CollART hir Dieren op fir eng Kollektiv-Ausstellung mat zéng Kënschtler:innen aus der Regioun: André Bastin, Anna Sergiel, Anne-Catherine Threinen-Willemet, Claudine Thill, Denise Lahier-Stieber, Eliane Lordong, Evelyne Haler, Joëlle Staquet, Rita Gierens a Seydina Mbaye. Dës Ausstellung setzt déi grouss Villfalt an de Räichtum vun der lokaler Konschtzeen an de Mëttelpunkt. Kommt d'Talenter aus eiser Regioun entdecken a loosst Iech vun hire Wierker an hire kreative Welte begeeschteren.