Saache vergiesse gehéiert heiansdo zum Alldag, wann ee méi al gëtt. Awer wéi kann een tëschent normaler Vergiesslechkeet an den éischten Zeeche vun enger Demenz ënnerscheeden? Wéi eng Ënnerstëtzung gëtt et fir déi Betraffe, hir Familljen an déi Mënschen, déi si am Alldag begleeden?
Op dësem Informatiounsowend erkläert den Info-Zenter Demenz déi verschidden Ursaache vun enger Demenz, de Wee bis zur Diagnos an déi ënnerschiddlech Stadie vun der Erkrankung. Dir kritt och praktesch Rotschléi fir Mënsche mat Demenz besser ze verstoen a mat hinnen ze kommunizéieren.
Donieft léiert Dir d’Méiglechkeet vun der Preventioun kennen an entdeckt, wéi betraffe Persoune selwer e positiven Afloss op hire Krankheetsverlaf an hir Liewensqualitéit huele kënnen.
Nom Virtrag ass Zäit fir Froen ze stellen a beim Patt d’Geleeënheet fir Erfarungen a Reflexiounen ze deelen.
Die Anmeldungen sind leider abgeschlossen. 19.10.2026 / 15:00 Uhr