„Lët’z druddel!“: Gewënner vum Nationale Lëtzebuerger Literaturconcours a vum Lëtzebuerger Buchpräis 2025 kënnt fir en humoristeschen Owend op Stengefort!
D’Spille mat der Lëtzebuerger Sprooch, d’Verdréine vu bekannte Geschichten,
d’An-d’Lächerlecht-Zéie vun agesiesse Gewunnechten a Klischeeën iwwer Männer am Baumaart a Fraen am Schongbuttek, Krankheeten oder deen allsäits beléiften Thema vun de Vakanzen, all dat ass Senges! De Marc Weydert, Lëtzebuerger Auteur a Laureat vum Concours littéraire national 2021 a vum Lëtzebuerger Buchpräis 2025 kënnt fir e lëschtegen Owend voller Ironie, Wuertwitz a Parodien op Stengefort a presentéiert seng Sammlung vun humoristeschen Texter a Lidder an engem gesellege Kader. Mat derbäi sinn och en neie Reenert, eng méiglech Fortsetzung vun der Maus Ketti, e Roude Léif, deen esou d’Flemm huet, datt hien d’Paart vum Colmer Schlass klaakt a senger Wee geet, fir eng nei Karriär unzefänken, an natierlech och den an der ganzer Welt bekannte Stengeforter “Jang”.
Dauer: 90 Minutten.
Leschten Delai fir d'Inscriptioun: Freides den 23. Oktober 2026, 16:00 Auer
Die Anmeldungen sind leider abgeschlossen. 23.10.2026 / 16:00 Uhr